Welcome Back, Rainer Mayer.

Fir vill Cliente warscheinlech e bekannt Gesiicht.

Den Här Rainer Mayer huet den 1. Dezember erëm d’Leedung vun eisem Garage iwwerholl a léist domat den Här Bernd Fuhrmann of, deen sech elo engem neie Challenge gestallt huet.

Mir soen dem Här Fuhrmann villmools Merci fir säin Engagement an de leschte 6 Joer a wënschen him ganz vill Erfolleg a senger neier Funktioun.

Den Här Mayer kann op eng laang Karriär am Automobilsecteur zeréckblécken an huet de Garage Schmitz vun 2008 bis 2017 schonn immens erfollegräich gefouert.

A senger Hand ass de Garage an dëse Joren ëm iwwer 100% gewuess an ënnert anerem zu engem Leader um Occasiounsmarché ginn.

Och elo huet den Här Mayer sech erëm e ganz kloert Zil gesat:
„Net just an der Vente, mä och an der Après-Vente zu enger Referenz zu Lëtzebuerg ginn.“

Getrei dem Motto: We care!

Dëst steet am Einklang mat der Strategie vu BMW, an der Dir als eise Client zu 100% am Mëttelpunkt steet a mir eis proaktiv ëm Är Besoine këmmeren.

Eis ass bewosst, datt eis Erreechbarkeet a Kommunikatioun an de leschte Méint leider net ëmmer eisen an Ären Erwaardungen entsprach huet a schaffe mat Héichdrock un der Verbesserung vun dëser Situatioun.

An dësem Kader si mir houfreg Iech matzedeelen, datt déi éischt Mesurë schonn en route sinn an Iech an den nächste Méint flott Neierungen erwaarden : fir eng méi einfach Prise de Rendezvous eng besser Kommunikatioun a méi Accessibilitéit.

Mir si motivéiert, zesumme mat Iech, an dës villverspriechend nei Ära ze starten.

Bis geschwënn zu Miersch.

Nach oben scrollen